Um Méindeg huet d’FLF déi éischt Tier vun de verschiddene Coupen ausgeloust. Am éischten Tour vun der Coupe de Luxembourg krit eis éischt Ekipp et mat dem Gewënner aus der Virronn tëschent Chrëschtnech-Waldbëlleg an Éinen (5. September) ze dinn. Dëse Match ass de 9. September auswäerts.

An der Virronn vun der Coupe FLF spillt d’Ekipp vum Trainer Jhemp Almeida de 29. August auswäerts zu Biekerech.

Eis Seniors II/U23 hunn an der Virronn vun der Coupe e Fräilous.