An der Finall vun der Coupe Misch Hensgen zu Izeg huet sech eis éischt Ekipp missen mat 1:2 géint d’Lokalekipp geschloe ginn.

An der 17. Minutt hat de Selim Ainahi Weiler a Féierung geschoss. An et sollt och de Selim Ainahi sinn, dee kuerz virun der Paus nach e Ball op de Potto gekäppt huet.

No der Paus huet Izeg dunn an der 49. an an der 56. Minutt markéiert. De Yann Olafsson sollt an der Schlussphas just nach de Potto treffen.

De nächsten Testmatch ass e Freideg um 19.30 Auer zu Zéisseng géint Cebra.