Op der Coupe Misch Hensgen zu Izeg huet sech eis éischt Ekipp um Donneschdegowend mat 4:1 géint Bartreng behapt. De Glenn Borges huet 2 Goler geschoss, dovun 1 op Eelefmeter. Déi aner 2 Goler hunn de Romario Lima an den André Mota markéiert.

E Sonndeg spillen d’Yellow Boys d’Finall géint Izeg. Déi Blo-Wäiss hunn um Freideg mat 2:0 géint Cebra gewonnen. D’Finall ass e Sonndeg um 17 Auer um Wuesterrain!