FUSSBALL

Meng Positioun: Inneverteideger oder Sechser

Meng Gréisst: 1,86 m

Alter: 26

Mäi Spëtznumm: /

Meng Veräiner bis elo: Stroossen (11 Joer), Mënsbech (6 Méint), US Esch (1 Saison), Lëntgen (4 1/2 Joer)

Zu Weiler säit: Januar 2018

Mäi beschte Match bis elo: De Barragematch géint Äischdall, wéi ech zu Lëntgen war. Mir hunn deen am Eelefmeterschéisse gewonnen. Den 1:0 fir eis ass an der 85. Minutt gefall, den 1:1 an der 92. Minutt. An der Verlängerung louche mer 1:2 hannen, an der 116. Minutt hu mer den 2:2 geschoss.

Mäi beschte Géigespiller: All Sonnden spillen ech géint de beschte Géigespiller, dat ass meng Motivatioun.

Meng schlëmmsten Verletzung: Gott sei Dank hat ech nach ni eng richteg Verletzung.

Mäi Virbild an der Jugend: Ech hat kee richtegt Virbild, mir hunn e puer Spiller gutt gefall, wéi de Zinédine Zidane, de Ronaldinho an de Sergio Ramos als Inneverteideger.

Mäi Liiblingsclub: kloer Benfica

PRIVAT

Mäi Beruff: Erzéier an enger Maison Relais

Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Meng Fräizäit verbréngen ech mat menger Duechter vu 4 Joer.

Mäi Liewensmotto: Ech liewen all Dag wéi wann et dee leschte wier. Ech fannen, et soll een vun all Moment profitéieren, et huet kee Wäert, sech fir Klengegkeeten opzereegen.

Wouriwwer ech mech freeën kann: Op e kaale Béier nom Training/Match.

Ween ech gär géif kenneléieren: D’Jessica Alba. Ech hoffen nëmmen, dass meng Frëndin dat net liest 😉

Wou ech gär géif liewen: Beim Mier, egal a wéi engem Land, sou laang et direkt bei der Plage ass a gutt Wieder do ass.

Mäi Liiblingsiessen: Ech si guer net kriddeleg beim Iessen, mee Gegrilltes hunn ech am léifsten.

Mäi Liiblingsgedrénks: Béier

Mäi/Meng Liiblingsmuséker/in: Ech lauschtere vill Hip Hop, Afro House …

Mäi Liiblingslidd: Am Moment lauschteren ech oft Feu de bois vum Damso.

Mäi/Meng Liiblingsschauspiller/in: De Chris Rock. Ech muss ëmmer sou vill laachen bei senge Filmer.

Mäi/Meng Liiblingsfilm/-serie: Ech hu net vill Zäit fir TV ze kucken. Hunn lo awer an der Lescht 2 Serien gekuckt, déi mir richteg gutt gefalen: Suits an 13 reasons why.

Wouriwwer ech laachen kann: Ech fannen, et kann een iwwer alles laachen. D’Leit sinn hautdesdaags zevill gestresst a reegen sech fir alles op.

Archiv:
Kevin Hoffmann
Ronny Bodri
Marc Wirth
André Mota
Max Mangen
Ken Kartheiser
Stéphane da Cruz
Samuel Fontes
David Castanho
Selim Ainahi
Sidney Loes
Louis Lamesch
Christophe Cum
Jeff Siebenaler
Jordan Ramos
Pit Meylender
Tom Gieres
Pol Hellers
Johan Bellini
Levy Rougeaux
Noah Bach
Sven Rohen
Idelson Pires
Andy Reuter
Enès Skrijelj
Joyce Regazzi
Jo Schmit
Michel Martins
Joé Walter
Marco Di Bari
Cliff Bernard
Michel Muller
Thomas Battaglia
Hugo Alves
Glenn Borges