An déi éischt Fotoen vun eiser Summeraktioun sinn ukomm.

Eise Jugendspiller Finn Wester dréit de Weiler Trainingskostüm beim Bergfrühstück op der Grubigalm zu Lermoos an Éisträich. Schéi Vakanz gewënscht.

Eis Jugendspiller um Bartrenger Duerffest.

D’Famillen Reuter, Groff, Schmit, Dobbins a Juttel hu sech zu Quata an der Toscana eppes Besonnesches afale gelooss fir eis Summeraktioun.

An de Leandro Pereira huet um Wee op Madrid och iwwer de Wolléken d’Gedanke bei de Yellow Boys gehat.

An och eise neie Bambinis-Spiller, de Rafael Pereira, huet zu Ovar a Portugal un d’Yellow Boys geduecht.

Schéckt och Dir eis Är Vakanzefoto mat engem Bezuch zu de Yellow Boys op foto@yellowboys.lu a gitt Deel vun enger flotter Fotosgalerie.