En Donneschdegowend haten d’Yellow Boys op hir Generalversammlung agelueden. Déi war net wéi déi Joren virdrun an Huef, mee an der neier Buvette um Terrain.

Ier d’Generalversammlung ugefaangen huet, hunn d’Schäffen vun der Gemeng Weiler, Carlo Ernst a Vincent Reding, vun der Geleeënheet profitéiert, fir déi Spiller an Traineren ze éieren, déi déi lescht 2 Saisonen opgestigen sinn. D’Scolaires an d’Cadets sinn deemno fir hir gutt Leeschtungen belount ginn.

Kuerz no 20 Auer huet dunn de President Christian Reuter déi d’Leit a senger Usproch begréisst, ier hien se gebieden huet, eng Gedenkminutt fir déi Verstuerwen aus de leschten 12 Méint anzeleeën. Ganz besonnesch huet de President do un 2 Leit erënnert, déi ganz vill fir de Weiler Fussball gemaach hunn, de Serge Groff an de René Delhalt.

Dono war et un der Zäit fir Merci ze soen: “Mir hunn hei elo e wonnerschéine Bau stoen, deen och Leit vun auswäerts begeeschtert. Ech soen dem Gemengerot Merci, dass en deemools de Courage hat, fir dëse Projet op d’Been ze stellen. E Merci geet och un den Architekt, deen eppes Schéines op de Pabeier bruecht huet. Dëse Bau ass nach jonk, mee en huet schonn e puer Feierprouwen bestanen. Bei der Finall vun der Coupe des Cadets, dem Obi sengem Charity Match an dem Weili Cup ware nämlech ganz vill Leit”, sou de President Christian Reuter, deen dunn déi vill Benevollen gelueft huet, déi an der Lescht fir de Veräin am Asaz waren: “Als Yellow Boys si mer oft un d’Grenze gestouss. Mir haten vill Manifestatiounen an eisem Kalenner stoen. De Weili Cup war impressionnant, wann een do gesinn huet, wéi vill Leit eis eng Hand ugepakt hunn. Dofir hinnen all e grousse Merci, dass se eis ënnerstëtzen. Ech wëll awer och dem Comité an der Jugendkommissioun Merci soen, déi an der Lescht oft hei um Site waren a gutt geschafft hunn. Och d’Gemengenaarbechter sinn ëmmer séier do, wa mer se brauchen an hëllefen, wou se kënnen. E Merci geet och un de Badmintonclub, mat deem mer eis wärend der Bauzäit jo d’Vestiairen an der Hal gedeelt hunn. Do si mer gutt laanschteneen komm.”

“Eng quasi perfekt Saison”

A sengem Réckbléck op d’Saison 2017/2018 huet de President dunn vun enger “quasi perfekter Saison” geschwat. D’éischt Ekipp huet souvill Punkten (49) wéi nach ni an der 1. Divisioun geholl an d’Saison op der 4. Plaz ofgeschloss. Felicitéiert huet hien de Seniors II/U23, déi an déi 2. Klass opgestige sinn: “Mir hunn do e gudde Cru an et huet Spaass gemaach, de Jongen beim Spillen nozekucken.” Déi ganz gutt Resultater vun de Cadets a Scolaires si nach emol ervirgehuewen ginn an och déi gutt Aarbecht an deenen aneren Kategorien ass gelueft ginn. “Mir investéiere vill an eis Jugend an esou lues dréit dat och Friichten. Mir hu viru leschter Saison och e Jugendkoordinator agestallt, deen dat Ganzt encadréiert, iwwerall aspréngt, wann ee feelt, a gutt Aarbecht leescht”, huet de President erkläert.

Fir déi kommend Saison gouf d’éischt Ekipp nees verstäerkt. “Vill Leit froen sech, wéi e klenge Club wéi Weiler dat mécht, fir fir verschidde Spiller sou attraktiv ze sinn. Ech wëll dat net präisginn, mee ech kann awer soen, dass mer gutt geschafft hunn. Mir freeën eis op déi nächst Saison an d’Zil ass et de beschtméigleche Fussball ze spillen a gutt Resultater ze erzielen. Wéi eng Plaz dann dobäi erausspréngt, muss ee kucken”, huet de Christian Reuter op d’Saison 2018/2019 gekuckt.

Dono huet de Sekretär Claude Mitsch kuerz iwwer déi 13 Ekippen geschwat, déi zum Veräin gehéieren, d’Transferten, déi gemaach goufen, opgezielt a nach emol d’Manifestatiounen, un deenen de Veräin bedeelegt war, Revue passéiere gelooss. Momentan ginn et 433 Lizenzéierter am Weiler Fussball.

Erfreelech war och de nächste Punkt um Ordre du jour. De Ralph Bourgnon an de Carel Thoss hunn d’Finanzen presentéiert. D’Yellow Boys hunn d’Joer mat engem Benefice ofgeschloss a sti finanziell op stabille Been.

163 Jugendspiller

De President vun der Jugendkommissioun Joël Groff krut dono d’Wuert an och hien wollt nach e puer Mercien lassginn: “Och ech soen der Gemeng Merci fir déi super Installatioun, déi mer hei hunn. Merci am Numm vun den Elteren, déi frou sinn, dass hir Kanner kënnen a propper Vestiairen goen. A Merci och am Numm vun de Kanner, déi hei ganz glécklech sinn. Merci soen ech och den Elteren, déi d’Kanner déi ganz Saison ënnerstëtzen, anstänneg erzéien an eis bei de verschiddenen Manifestatiounen hëllefen. Dem Comité soen ech Merci fir d’Ënnerstëtzung, déi mer déi ganz Saison fir d’Jugend kréien an och menge Kollegen aus der Jugendkommissioun muss ech Merci soen, mir hu vill a gutt geschafft. E besonnesche Merci fir d’Organisatioun vum Weili Cup geet un 2 Leit. De Léon Zahlen an de Kevin Zender hu vill Zäit doran investéiert an et ass fantastesch, wéi den Turnéier gelaf ass. Merci awer och den Traineren, déi hei gutt Aarbecht leeschten.”

Wéi en op d’Zuel vun de Jugendspiller zu Weiler ze schwätze koum, huet de Joël Groff erkläert, dass een mëttlerweil muss a verschidde Kategorien eng Waardelëscht aféieren: “Mir haten 135 Kanner déi lescht Saison. Fir déi nächst si mer elo op 163. 4 Stéck hunn ech scho misste soen, dass mer keng Plaz fir si hunn a si op eng Waardelëscht kommen. Dat deet wéi, mee mir stoussen do esou lues un eis Grenzen.” Wat Traineren ugeet, gehéieren de Claude Steichen, deen eng Paus mécht, an de Christian Pott, deen op Hesper geet, net méi zum Trainerstaff déi nächst Saison. De Léon Zahlen kënnt no enger Paus zréck a mam Danielle Mersch ass och e neit Gesiicht bei den Traineren ze fannen. “Ech krut och gréng Luucht vum Comité, fir fir d’Pupilles an d’Minimes nach en 3. Trainer ze sichen, deen op den Trainingen hëlleft, fir déi 36 respektiv 38 Spiller z’encadréieren. Mir wëlle weider gutt schaffen a weider houfreg op dëse Veräin sinn, well e Veräin, dee stoe bleift, geet den éischte Schrëtt no hannen”, sou de Joël Groff.

D’Keesereviseuren bleiwen de Menn Schmit a Nico Linden, mee am Comité kënnt et zu Changementer. Fir de Verstuerwenen Serge Groff réckelt säi Bouf Alain Groff an de Comité no an déi lescht vakant Plaz hëlt ab elo de Yannick Groff an.

D’Schlusswuert hat dës Kéier net d’Buergermeeschtesch Cécile Hemmen, déi sech entschëllege gelooss huet, mee de Schäffen Carlo Ernst: “Ech si frou, dass dat Gebai hei steet an ech sinn och frou, dass et schonn deen een oder aneren Härtetest bestanen huet. Vill Leit hu gefrot, firwat mir déi nei Buvette hei gebaut hunn. Dobäi vergiessen si, dass dëst Gebai net nëmmen aus enger Buvette besteet, mee dass och Vestiairen dra sinn. Et ass ganz einfach, mir hätten den Terrain zougemaach kritt, wa mer näischt ënnerholl hätten. D’Elteren hunn iwwer déi al Vestiairen gegrommelt an och d’FLF huet gegrommelt. D’Gemeng hat deemno keen anere Choix. Ech sinn dofir frou, dass dir all zefridde sidd mam neie Gebai. Halt et an Éieren a villäicht ass jo en Opstig bei der éischter Ekipp dran. Bonne Chance! Mir si Weiler, dir sidd Weiler an hei ass Weiler!”

Den Owend hunn déi Uwiesend bei engem Patt ausklénge gelooss.