Den 1. Weili Cup ass Geschicht. Um Sonndeg war den 2. Deel vum Jugendturnéier am Dieltchen. Bei de Pupilles huet sech Sonndesmoies Stroossen déi gréisste Coupe geséchert, bei de Minimes war den FC Victoria Rouspert déi Ekipp, déi sech henno huet dierfe feiere loossen. De Fairplay ass un deenen 2 Deeg grouss geschriwwe ginn an dofir e ganz grousse Merci un d’Traineren a Spiller, déi um Turnéier deelgeholl hunn. E ganz grousse Merci geet awer och un d’Ekipp vum Turnéier, déi aus ronn 100 Leit bestaanen huet – ouni iech wier et net méiglech gewiecht, esou en Event z’organiséieren! Et war definitif en Erfolleg. An hei sinn déi cool Fotoen vum Fabrizio Munisso.

D’News vum éischten Dag, fannt Dir hei.

Sponsoren
Brochure
Reglement
Resultater vun de Bambinis
Resultater vun de Poussins
Resultater vun de Pupilles
Resultater vun de Minimes