E Samschdeg war den 1. Deel vum Weili Cup 2018. Op dësem internationalen Turnéier hu sech um 1. Dag d’Bambinis an d’Poussins gemooss. Souwuel bei deene Klengsten wéi och bei de Poussins huet den F91 déi gréisste Coupe mat an de Minett geholl. Et war e gelongenen Optakt vum Turnéier, un deem ganz vill Fairplay gewise ginn ass an d’Kanner vill Spaass haten. Eng formidabel Ekipp vu Fräiwëllegen, déi aus ronn 100 Leit besteet, wäert och hiert Bescht ginn, dass um Sonndeg alles beschtens iwwer d’Bühn geet. Merci alle Clibb, déi um Samschdeg um Turnéier deelgeholl hunn.

Hei sinn d’Andréck vum 1. Dag:

E grousse Merci un de Gerry Schmit a Fabrizio Munisso fir déi super Fotoen.

Sponsoren
Brochure
Reglement
Resultater vun de Bambinis
Resultater vun de Poussins
Programm vun de Pupilles
Programm vun de Minimes