Um Dënschdeg huet d’FLF d’Andeelung vun de verschiddenen Bezierker an allen Divisiounen matgedeelt.

Eis éischt Ekipp kritt et am 2. Bezierk vun der 1. Divisioun mat den Ofsteiger Gréiwemaacher a Käl-Téiteng souwéi den Opsteiger Réimech-Bus, Menster a Beetebuerg ze dinn. Donieft si mat Monnerech, Suessem, AS Lëtzebuerg Porto, Red Black Egalité, Bartreng, Bäerbuerg, Uespelt a Schëffleng och Géigner dobäi, géint déi d’Yellow Boys dës Saison gespillt hunn.
De 26. August ass den 1. Championnatsmatch.