Eis Jugendtraineren fir déi nächst Saison sti fest. Net méi zum Trainerstaff gehéieren de Christian Pott an de Claude Steichen, deenen de Veräin villmools Merci fir hir geleeschten Aarbecht an de leschte Joren seet. Nees dobäi ass de Léon Zahlen, deen sech eng Paus vun enger Saison gegënnt hat an elo prett ass fir eng flott Saison mat eise Pupilles ze erliewen. Ganz nei am Trainergeschäft ass d’Danielle Mersch, dat eis Bambinis betreit.

Hei den Iwwerbléck:

CADETS: Orlando da Rocha, Jeff Rohen
SCOLAIRES: Jeff Schmit, Basile Toyisson, Guy Nennig
MINIMES: Luis Pereira, Pascal Schoen
POUSSINS: Enès Skrijelj, Mike Hoffmann
PUPILLES: Léon Zahlen, Idelson Pires
BAMBINIS: Carlo Dorotea, Danielle Mersch
Ënnerstëtzt gi si all vun eisem Jugendkoordinator Lucien Pina Cruz.