Eis Bambinis hunn um Nationalfeierdag un engem Turnéier vu der US Hueschtert deelgeholl. Géint Hueschtert I (0:0) an d’Jeunesse (1:1) goufen et Gläichspiller, ier sech d’Ekipp vum Trainer Idelson Pires mat 1:0 géint Jonglënster duerchgesat huet. 1:0 huet et och no der Véierelsfinall géint Éilereng geheescht. An der Halleffinall war d’Fola dunn e bëssi besser (0:2). Am Match em déi 3. Plaz gouf et zum Ofschloss en 0:1 géint APM Metz. D’Yellow Kids koumen sou op déi 4. Plaz ënner 16 Ekippen.