D’Jugendchampionnater vun all eisen Ekippe si gelaf. Dofir blécke mir op eng dach alles an allem erfollegräich Saison zréck.

– Eis Cadets hunn am éischten Tour 7 vun 8 Matcher gewonnen an 1 verluer. Déi 21 Punkten an e Golverhältnis vun 31:9 sollten duergoen, fir hannert dem Racing II am 2. Bezierk vun der 5. Klass déi 2. ze ginn an opzesteigen.

Am 2. Tour ass et eise Cadets du gelongen, am leschte Match den Ofstig ze verhënneren. 10 Punkten aus 10 Matcher an e Golverhältnis vu 15:24 sollten duergoen fir déi 4. Plaz ënner 6 Ekippen ze erreechen.

Bravo un d’Ekipp vun den Traineren Christian Pott a Jeff Rohen.

– Eis Scolaires hunn an der éischter Phas 9 Matcher vun 10 gewonnen an 1 gläichgespillt. Mat 28 Punkten an engem Golverhältnis vun 46:10 sinn si am 2. Bezierk vun der 4. Klass déi éischt ginn an opgestigen.

Domat awer net genuch: Och am 2. Tour sollt de Yellow Boys den Opstig geléngen. An enger “Finall” ëm déi 2. Plaz konnt Rëmeleng doheem mat 4:2 geschloe ginn. 21 Punkten, 33 geschosse Goler an 23 Géigegoler si fir déi 2. Plaz duergaangen. Nächst Saison spillen d’Scolaires domat an der 2. Klass.

Bravo un d’Ekipp vun den Traineren Orlando da Rocha, Basile Toyisson a Guy Nennig.

– Eis Minimes sinn am 1. Tour aus der 3. Klass ofgestigen. An 10 Matcher huet d’Ekipp vun den Traineren Luis Pereira a Pascal Schoen 4 Punkte (1 Gläichspill an 1 Victoire) kritt. 9 Goler hunn d’Yellow Boys geschoss, 30 hu se der geschoss kritt.

Am 2. Tour hunn dunn 2 Minimes-Ekippen um Championnat deelgeholl. D’Minimes I sinn an der 4. Klass bliwwen. D’Ekipp vum Trainer Luis Pereira huet an 10 Matcher 11 Punkte gesammelt an hat e Golverhältnis vun 16:27. D’Minimes II hunn an der 6. Klass gespillt an do an 8 Matcher 4 Punkte kritt. D’Spiller vum Pascal Schoen hunn 12 Goler geschoss an der 32 geschoss kritt.

– Eis Poussins I hunn an der éischter Championnatsphas 2 Matcher gewonnen, 1 gläichgespillt a 4 verluer. A 7 Matcher huet d’Ekipp vum Trainer Jeff Schmit 27 Goler geschoss an 31 geschoss kritt.

Och am 2. Tour konnten 2 Victoiren notéiert ginn. Donieft stinn 2 Gläichspiller a 5 Defaiten am Bilan. D’Golverhältnis war 22:28.

– Eis Poussins II hunn am 1. Tour 3 Matcher gewonnen, 2 gläichgespillt an 3 verluer. D’Golverhältnis vun der Ekipp vum Enès Skrijelj war 21:33.

Am 2. Tour gouf et 1 Victoire a 6 Defaiten a 7 Matcher (Golverhältnis: 11:61).

– Bei de Pupilles I goufen et 7 Victoiren, 1 Gläichspill an 1 Defaite am 1. Tour. Dem Mike Hoffmann seng Spiller hunn 46 Goler an der 22 geschoss kritt.

An der zweeter Phas hunn d’Yellow Boys 1 Match verluer, der 2 gläichgespillt an der 6 gewonnen. 78 Mol huet et am géigneresche Gol gerabbelt, 22 Mol huet de Weiler Golkipp missen de Ball aus dem Filet huelen.

– Mat 1 Victoire bei 1 Gläichspill an 7 Defaiten gouf d’Hironn bei de Pupilles II ofgeschloss. Dem Claude Steichen seng Ekipp huet 21 Goler geschoss an der 62 geschoss kritt.

Am 2. Tour goufen 1 Gläichspill a 7 Defaiten notéiert. D’Yellow Kids hunn 18 Goler geschoss an der 60 encaisséiert.

– Bei de Bambinis I konnten op de Championnatsturnéier an der éischter Phas 9 Victoiren gefeiert ginn, 3 Mol gouf gläichgespillt an 3 Mol huet d’Ekipp vum Idelson Pires sech missen geschloen ginn. Golverhältnis 43:12.

Am 2. Tour konnten 8 Victoiren, 10 Gläichspiller an 4 Defaiten opgeschriwwe ginn. 25 Mol hunn d’Yellow Boys de Ball an dee klenge Gol geschoss, 23 Mol huet de Géigner getraff.

– Och eis Bambinis II hu sech daper geschloen. Mat 4 Victoiren, 11 Gläichspiller a 7 Defaiten sinn d’Matcher vum Carlo Dorotea senger Ekipp am 1. Tour op en Enn gaangen. Golverhältnis: 10:14.

De Bilan am 2. Tour: 2 Victoiren, 5 Gläichspiller a 16 Defaiten bei engem Golverhältnis vu 9:43.