– Um Sonndeg hunn eis Cadets hiren Heemmatch géint Hesper II mat 2:4 verluer. De Ball gouf gestëft vum Vincent Reding.

Um Mammendag waren och e Koup Turnéier am Land.

– Zu Dikrech sinn eis Bambinis déi 3. ginn. “Och an der Hëtzt hunn eis Bambinis alles ginn. Ech sinn houfreg op meng Spiller”, huet den Trainer Idelson Pires gemengt. Géint Lëntgen a Steesel hunn d’Yellow Kids forfait gewonnen, ier se den F91 mat 2:1 bezwongen hunn. Géint d’Entente Atertdaul gouf et dono eng 0:1-Defaite, géint Dikrech awer eng 2:0-Victoire. An der Haleffinall war Ierpeldeng dunn beim 2:1 déi méi glécklech Ekipp. Am Match em déi 3. Plaz koum et zum Penaltyschéissen an an dësem huet sech Weiler mat 3:2 duerchgesat.

– D’Pupilles koume beim selweschten Turnéier op déi 7. Plaz vun 10 Ekippen. Géint Veianen (0:2) an Dikrech (1:2) goufen et an der Gruppephas 2 knapp Defaiten. Géint Schëffleng (6:0) a Bissen (2:1) hunn d’Yellow Boys sech awer duerchgesat. Am Match em déi 7. Plaz huet sech Weiler dunn mat 4:1 géint Schieren behaapt. “Ech soen all deene Spiller an Elteren Merci, déi sech um Mammendag Zäit geholl, fir op Dikrech ze fueren”, sou den Trainer Mike Hoffmann.

– Eis Minimes II sinn zu Izeg déi 15. vu 16 ginn. “D’Kanner hu vill probéiert, mee leider just 1 Match gewonnen”, huet den Trainer Pascal Schoen gemengt.