Eis Minimes hunn um Turnéier zu Éilereng déi 5. Plaz beluecht. An der Gruppephas goufen et 2 Defaiten (Beetbuerg 0:3, Bieles 0:4) an 1 Victoire (1:0 géint Fola). Am Match ëm déi 5. Plaz hu sech d’Yellow Boys dunn mat 5:0 géint den CS Uewerkuer behaapt. “D’Jongen hunn déi éischt 2 Matcher hier Golchancen net genotzt an de Géigner duerch Feeler staark gemaach. Si hunn awer ëmmer probéiert, gudde Fussball ze spillen”, sou den Trainer Luis Pereira.