Eis Bambinis I sinn e Samschdegmoien beim Championnatsturnéier am Dieltchen déi 1. ginn. Eng 5:0-Victoire géint Stroossen an en 0:0 géint Hueschtert konnte notéiert ginn. Well Hueschtert mat 3:0 géint Stroossen gewonnen huet, huet déi besser Goldifferenz fir Weiler geschwat. Steesel ass net ugetrueden.

“Géint Stroossen waren d’Yellow Boys haushéich iwerleeën an hunn och an där Héicht verdéngt gewonnen. Am zweete Match waren d’Jongen virum staarke Géigner gewarnt. Nach virun e puer Wochen hat Hueschtert eis keng Chance gelooss. Haut sollten awer di Schwaarz-Giel e beandrockenden Asaz un den Dag leeën, an de komplette Match dominéieren. Leider konnt awer keng vun deene ville Golchancen verwäert ginn. Alles an allem en staark Leeschtung vun eise Kanner”, sou de Léon Zahlen, deen den Idelson Pires als Trainer ersat huet.

De Ball gouf gestëft vun der Chroale Weiler/Haassel.