Dës Woch si wichteg Jugendmatcher am Dieltchen. En Donneschdeg (20 Auer) treffen eis Scolaires an der 3. Klass op d’US Rëmeleng. D’Yellow Boys musse gewannen, fir de Géigner an der Tabell ze iwwerhuelen an opzesteigen. Et wier deen 2. Opstig dës Saison fir d’Ekipp vum Trainertrio Orlando da Rocha/Basile Toyisson/Guy Nennig.

E Freideg geet et dann em de Gewënn vun der Coupe des Cadets. Vun 19 Auer un kritt den F91 et mat Hesper oder Käerjéng (dës Halleffinall ass en Dënschdeg) ze dinn.

Fir komplett ze sinn, erënnere mer drun, dass haut ab 18 Auer d’Minimes II op Izeg II treffen an d’Pupilles I en Donneschdeg (16 Auer) en Testmatch géit Käerjéng hunn.

Kommt an ënnerstëtzt d’Jugendspiller!