E weideren Zougang fir d’Yellow Boys: De Glenn Borges wäert eis éischt Ekipp déi nächst Saison verstäerken. De Glenn ass 23 Joer al an huet seng Stäerkten an der Offensive. Hien hat seng éischt Lizenz beim FC Avenir Beggen, ier en bei de Racing an dunn op d’Jeunesse gewiesselt ass. Dono huet de Glenn fir Rodange an de Racing gespillt. Donieft konnt een de Glenn an der Jugend am Trikot mam roude Léiw gesinn, well hien fir déi verschidde Jugendnationalekippen gespillt huet.

Hien ass nom Gilles Even, Cliff Bernard an Thomas Battaglia dat véiert neit Gesiicht am Kader vum neien Trainer Jhemp Almeida.

D’Foto ass vum Ben Majerus.