Um Dënschdegowend huet eis Seniors II/U23 den Opstig an déi 2. Klass perfekt gemaach. D’Ekipp vum Trainer Orlando da Rocha huet mat 4:0 beim CS Gréiwemaacher gewonnen.

Schonn no 9 Minutten huet de Pol Goelff d’Yellow Boys a Féierung geschoss. Virun der Paus sollt dës awer nach vergréissert ginn. An der 36. Minutt huet de Joé Walter nämlech de Wee an de Gol vun de Miseler fonnt. Dat sollt och de Pausestand sinn.

Nom Säitewiessel huet de Pit Meylender an der 67. Minutt de Score op 3:0 erhéijt. Nëmmen 2 Minutte méi spéit huet de Pol Goelff säin 2. perséinleche Gol geschoss -> 4:0. Dat sollt och den Endstand sinn