E Samschdeg ass fir eis éischt Ekipp de leschte Match vun der Saison. Wann de Ball vu 16.30 Auer un am Dieltchen rullt, wäert de Christophe Cum, eis jorelaang Nummer 1, säi leschte Match bei de Seniors I spillen. Mam 31-järege Kapitän blécke mir zréck an no vir.

Christophe, e Samschdeg ass däi leschte Match an der éischter Ekipp. Wat huet dech dozou beweegt, fir opzehalen?

Et si familiär Grënn. Ech sinn elo Papp vun 2 Kanner. Entweder wier ech dann net sou oft heiheem bei der Famill wéinst dem Training oder ech wier net sou oft um Training, well ech wéilt bei der Famill sinn. Um Training mierkt een dann awer, wann een net zu 100 Prozent dobäi ass, dass et manner gutt geet. Dofir hunn ech d’Prioritéiten elo ëmgestallt.

Du spills awer nach bei de Seniors II/U23.

Jo, ech hunn elo en definitiven Transfert op Weiler gemaach, nodeems ech jo virdrun ëmmer nëmmen vum FC Schengen ausgeléint war. Mat Kollegen, déi scho méi laang dobäi sinn, wéi de Claude Komes oder de Mirza Ramcilovic, géif ech gär nach emol kicken. Fir d’Fussballschong nämlech ganz un de Nol ze hänken, ass net sou einfach.

Du hues jo dann méi Zäit fir aner Saachen. D’Famill profitéiert wéi gesot dovun, mee ginn et och nach aner Saachen, déi’s de wäerts maachen, op déi’s de duerch de Fussball hues missen verzichten?

Duerch Trainingen oder Matcher konnt ech net ob deen een oder aneren Concert goen. Dat kënnt dann mol manner vir. A sonndes brauch ech mol net méi an der Mëttesstonn ëmmer op d’Auer ze kucken, fir mech op de Wee ze maachen. Wéi ech un der Schëller verletzt war, sinn ech d’Route du Vin gelaf, dat huet mer och Spaass gemaach. Sou Saachen wäert ech dann wuel maachen. Ech muss jo kucken, dass ech meng Energie lassginn. Villäicht fueren ech dann och méi oft mam Vëlo op d’Aarbecht. De Sport bleift mer wichteg, och wann ech net méi sou oft owes um Fussballterrain wäert sinn.

Wéi zefridden bass de mat dëser Saison?

Ech sinn zefridden, dass mer de Punkterekord gebrach hunn. Allerdéngs hunn ech do och e bëssi gemëschte Gefiller, well deen hätt nach vill méi héich kënnen ausfalen. Mir hu vill Punkten hänke gelooss, déi mer hätte kënnen huelen. Da wiere mer och nach e Stéck méi uewe bäi gewiescht. Am grousse Ganzen ass de Bilan awer positiv. Géigegoler mussen et der nach e puer manner ginn, dann kann een wuel 1, 2 Plazen gutt maachen.

43 Géigegoler sinn der e Koup. Wourun louch et, dass et sou oft am Weiler Gol gerabbelt huet?

Et huet wahrscheinlech bei jidderengem an deenen wichtegen Momenter d’Konzentratioun gefeelt. Eis Konzentratioun a Motivatioun war net konstant genuch. Wann sech dat nach ännert, sinn ech iwwerzeegt, dass eng Dosen Goler manner falen.

Du hues d’Motivatioun ugeschwat. Ass et iech méi einfach gefall, iech géint besser Ekippen ze motivéieren, wéi géint déi, déi ënnen an der Tabell stoungen?

Jo, wann ech de Match géint Beggen zum Beispill kucken: Si waren zu 99,9 Prozent ofgestigen an och fir eis ass et em näischt méi gaangen. Trotzdeem muss een motivéiert op den Terrain goen, fir de Match ze gewannen. Dat huet bei eis a munch Situatiounen gefeelt.

Wat wënschs de der fir däi leschte Match e Samschdeg?

3 Punkten, e Match zu Null an dass mer kënnen an der neier Vestiaire duschen. Mir hu scho laang net méi zu Null gespillt a wann’s de als Golkipp 10:1 gewënns, bass de net zefridden, well dann häss de gär 10:0 gewonnen. Wann’s de zu Null spills, bass de als Golkipp dofir duebel sou frou.

Du bass säit 2011 zu Weiler. Wat war dee schéinste Moment an der Zäit?

Dee Match, un deen ech mech nach haut gär erënneren, war de Coupematch 2011 doheem géint den FC Wolz, deen deemools an der Éierepromotioun gespillt huet. Mir waren no drun, fir dee Match ze gewannen. Um Enn hu mer 2:4 verluer. D’Ambiance war do sou gutt an et waren immens vill Leit do. Sou eng gutt Stëmmung hunn ech zu Weiler dono net méi erlieft. Dëse Moment war dee schéinsten vu ville flotten zu Weiler. Dofir bleiwen ech dem Veräin och trei, well ech fille mech ganz wuel hei.

An deem Koup Joren hues de jo och vill Trainer kennegeléiert. Mat wiem bass de besonnesch gutt eens ginn?

Ech denken, dass ech ni e Problem mat engem Trainer hat. Ech si mat hinnen alleguer eens ginn, och wann ech net ëmmer enger Meenung mat hinne war. En Trainer ass eng Autoritéitspersoun an do muss een als Spiller och mol kënnen op d’Zänn bäissen an zréckstiechen. Ech kann dofir do net soen, dass ech mat engem besonnesch gutt eens gi sinn.

Kéints du der virstellen, spéider eng Roll an engem Veräin ze iwwerhuelen?

Jo, am Moment brauch ech e bëssen Ofstand. Mee ech kéint mer virstellen, zum Beispill emol d‘Nowuesgolkipper ze trainéieren. Wann d’Leit zu Weiler am Veräin Hëllef brauchen, sinn ech och gär bereed, eng Hand unzepaken.

Du bass jo e grousse Fan vun der Juve. Wéi grouss war dann d’Enttäuschung nom Out an der Champions-League-Véierelsfinall géint Real Madrid?

Ech hunn de Match gesinn a wann ech de Puppelchen net op mer leie gehat hätt, wier ech ënner de Plafong gesprongen. Et war richteg sauer. Déi lescht Finall vun der Juve hat ech nämlech verpasst, well ech genee zu deem Moment am Fliger soutz. Dofir hätt ech se elo gär an der Finall gesinn. Wéinst dem Puppelchen hunn ech souwisou net vill geschlof déi Zäit, mee déi Nuecht war et nach méi wéinst dem Fussball de Fall.

Merci Christophe fir all déi schéi Joren a bis geschwënn!