Um Sonndeg huet eis éischt Ekipp mat 2:3 zu Beggen verluer. Deene Beggener hëlleft dës Victoire awer näischt, well Biwer gewonnen huet, falen d’Wiichtelcher an d’2. Divisioun.

Et huet nëmmen 2 Minutten gedauert, bis Beggen a Féierung gaangen ass. No enger gudder Aktioun iwwer déi riets Säit huet den Evergreen Soriba Camara den 1:0 geschoss. 3 Minutten méi spéit huet de Kevin Hoffmann en direkte Fräistouss vu riets erabruecht. De Ball ass vun engem Beggener ofgefälscht ginn an am Gol gelant.

No enger Véierelsstonn sollt dunn den 2:1 fir den FC Avenir falen. Beggen huet e Fräistouss vu Weiler op der Mëtt geblockt an d’Yellow Boys ausgekontert. No 38 Minutten krut den Andy Reuter de Ball widder d’Schëller an den Arbitter huet op Eelefmeter entscheet. Beggen huet sech dës Chance net huele gelooss an den 3:1 markéiert. Dat war och de Pausestand an engem bis dato ganz schwaache Match vun de Yellow Boys.

No der Paus krut Weiler en Eelefmeter an der 59. Minutt. De Kevin Hoffmann huet sech biede gelooss an deen eragesat. Et war de Saisongol Nummer 18 vun eiser Nummer 17. Et ass elo just nach op de Beggener Gol gespillt ginn. Den Tiago Alves hat aus 5 Meter eng gutt Chance, fir e Kappball eranzesetzen, mee de Beggener Golkipp huet Schlëmmeres verhënnert. Op e Konter hin sollten d’Wiichtelcher dunn nach emol geféierlech ginn: Den Andy Reuter war awer do, fir op der Linn ze retten. Um Spillstand sollt sech näischt méi änneren. Nom Match krut de Max Mangen nach déi giel-rout Kaart gewisen.

Opstellung: Cum, Rohen, Reuter, Alves, Bach (78.’ Walter), Regazzi, Mangen, Fontes, Olafsson (46.’ Ainahi), Rougeaux, Hoffmann