– D’Pupilles II hu sech am Dieltchen missen mat 1:3 géint Mamer geschloe ginn.

– D’Minimes II hu sech doheem mat engem 2:2 vu Gaasperech getrennt. An der Paus stoung et 2:1 fir den FC Tricolore. “An der 2. Halschent hunn d’Jongen alles ginn a si mat engem Fräistouss an de Wénkel zum 2:2 komm. Mir haten nach 4, 5 gutt Chancen, mee leider hu mer kee Gol méi geschoss. All Respekt u meng Spiller fir hiren Ekippegeescht”, sou den Trainer Pascal Schoen.

– Eis Scolaires hu sech an engem spannende Match mat 3:2 bei der US Esch duerchgesat. An der Paus louchen d’Yellow Boys mat 0:1 zréck.