Ouni eng Rëtsch verletzte Spiller hu sech d’Yellow Boys am Derby zu Uespelt duerchgesat. 4:1 stoung et um Enn.

No 13 Minutten koum déi éischt geféierlech Aktioun vun de Yellow Boys: De Selim Ainahi huet de Ball op de Sidney Loes geflankt, deem säi Volley allerdéngs widder de Potto geflunn ass. Et sollt dunn roueg bleiwen bis d’Halbzeitpaus. Weiler hat zwar méi vum Spill, ouni awer konsequent virun de géigneresche Gol ze kommen.

No der Paus huet et dunn awer gerabbelt. No engem Fräistouss vum Sami Fontes war den Tiago Alves an der 47. Minutt do, fir Weiler a Féierung ze bréngen. Et war säin éischte Championnatsgol fir d’Yellow Boys. Eng gutt Chance zum 1:1 hat Uespelt an der 52. Minutt, mee de Christophe Cum huet den Ausgläich verhënnert. Et war déi éischt nennenswäert Chance vun de Red Boys.

Weiler sollt et déi aner Säit besser maachen: No enger Pass vum Johan Bellini konnt de Selim Ainahi an der 54. Minutt den 2:0 markéieren. Et war säin 8. Gol dës Saison. Uespelt sollt awer op emol den Uschloss erëm fannen. E Fräistouss, un dee kee méi sollt erukommen ass an der 57. Minutt am Gol gelant. Wichtegen Gol dunn an der 62. Minutt fir d’Ekipp vum Trainer Claude Mangen. No enger flotter Kombinatioun koum de Kevin Hoffmann aus 12 Meter zum Ofschloss an huet säin éischte Gol no der Wanterpaus, säin 11. insgesamt geschoss.

An och um nächste Gol sollt de Kevin Hoffmann erëm bedeelegt sinn, dës Kéier huet hien den Assist fir de Selim Ainahi gemaach -> 4:1 no 74 Minutten.

Opstellung: Cum, Loes, Reuter, Alves, Lima, Lamesch (64.’ Komes), Regazzi, Bellini, Ainahi, Fontes (75.’ Mangen), Hoffmann (80.’ Rohen)