Pech fir eis Bambinis II beim Heemturnéier am Dieltchen. An 3 Matcher hu si sech 3 Mol missen geschloe ginn. Géint Mënsbech gouf et eng 0:1-Defaite. “Dee Match hätte mir och kënne gewannen”, sou den Trainer Carlo Dorotea. Géint Menster gouf et nees en 0:1 “Och do war alles méiglech, mee leider ass et net duergaangen”, huet de Coach gemengt. Géint Gréiwemaacher haten eis Yellow Kids dunn net vill ze gutt an hu mat 1:4 de Kierzere gezunn. “D’Jongen hunn hirt Bescht gemaach, de nexte Weekend geet et weider”, sou de Carlo Dorotea.