Dir hutt Loscht Fussball ze spillen a vill Spaass ze hunn? Dann huelt de 16. Juni zesumme mat e puer Kollegen un eisem Choco-Summercup deel. Op eisem neie Site gëtt iwwer d’Breed vum normalen Terrain gespillt. Dir braucht deemno 1 Golkipp a 6 Feldspiller.

Wann Dir drun interesséiert sitt, matzespillen, da mellt Iech iwwer E-mail.