E Sonndeg ass nees Derbyféiwer. Ab 16 Auer wäert eis éischt Ekipp bei de Red Boys vun Uespelt untrieden.

Wéi d’Yellow Boys haten och déi Uespelter an de leschte Wochen net déi bescht Resultater. Vun deene leschte 6 Matcher huet d’Ekipp vum fréiere Weiler Spiller Thomas Muller 1 gewonnen an der 2 gläichgespillt. Wéinst enger gudder Phas am Ufank vun der Saison huet Uespelt awer 27 Punkten um Kont a steet op der 6. Plaz.

Mat 4 Punkte méi steet Weiler op der 4. Plaz. No den Defaiten géint Jonglënster a Bartreng gëllt et eng Reaktioun ze weisen. En ähnlecht Resultat wéi am Himatch (Bericht) wier net schlecht.

Kommt all e Sonndeg op Uespelt an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp!