E Sonndeg ab 16 Auer kritt eis éischt Ekipp et am Dieltchen mat Bartreng ze dinn. Villes schwätzt virun dëser Partie fir eng Victoire vun de Yellow Boys.

Géint Weiler huet Bartreng laut fupa.lu an de leschten 3 Ligadueller 9 Géigegoler kasséiert. D’Yellow Boys hunn och nach géint Ekippen aus dem ënneschten Tabellendrëttel 18 Punkten aus 8 Matcher geholl. Dobäi kënnt, dass Bartreng nach op der Sich no senger Beschtform ass, och wann den FC Sporting säi leschte Match am Championnat net verluer huet (1:1 géint AS Lëtzebuerg Porto). An der Tabell läit Weiler mat 31 Punkten op der 4. Plaz, wärend Bartreng mat 21 Punkten op der 9. Plaz ass. Courage wäert deene Bartrenger d’Resultat aus dem Himatch maachen, dee si mat 3:2 gewonnen haten (Bericht).

D’Yellow Boys hu sech an der Woch beim Leader Jonglënster missen mat 2:3 geschloe ginn. Dobäi louch d’Ekipp vum Trainer Claude Mangen mat 2:0 vir. Weiler wëll deemno nach eppes gutt maachen a sech och fir d’Defaite aus dem Himatch revanchéieren. Nodeems de Levy Rougeaux an der 1. Halschent vum Championnat e bëssi Problemer hat, fir de Ball an de géigneresche Gol ze bréngen, huet am Moment de Kevin Hoffmann e klengt Lach. Mat 10 Goler an d’Wanterpaus gaangen, huet hien am Championnat zanterdeem net méi getraff. Villäicht ass et e Sonndeg souwäit.

Dofir kommt all an den Dieltchen an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp!