Am Kader vum Stage zu Barcelona huelen eis Cadets mat 2 Ekippen un der Copa Castell deel.

Déi éischt Ekipp huet an der Gruppephas 1 Match gewonnen (2:1 géint Londerzeel III), 2 Mol gläichgespillt (1:1 géint Wijgmaal an 0:0 géint Borea Dresden II) an 2 Mol verluer (1:2 géint Londerzeel I an 0:1 géint den CS Interstar). Dat bedeit déi 3. Plaz an der Sechsergrupp. Haut spillt d’Ekipp vun den Traineren Christian Pott a Jeff Rohen de Match em déi 5. Plaz géint Londerzeel II.

Déi zweet Ekipp huet an enger Fënnefergrupp déi 4. Plaz beluecht. Géint Wijgmaal (0:2) an Team Béroche-Bevaix (1:3) goufen et Defaiten, mam Heider SV (0:0) goufen d’Punkte gedeelt a géint Borussia Derichsweiler konnt eng 4:2-Victoire gefeiert ginn. Am Match fir déi 7. Plaz geet et haut géint JFV Nord-Westpfalz.

Op der Foto sinn d’Yellow Boys ze gesinn mam Heider SV.