De Comité vun de Yellow Boys huet decidéiert, dass de Jhemp Almeida, ënnerstëtzt vun de Co-Traineren Patrick Gloden an Orlando Da Rocha, d’Successioun vun eisen aktuellen Traineren Claude Mangen a Claude Meylender fir d’Saison 2018/19 untrieden. 

Mir wëllen eisen aktuellen Traineren vun der éischter Ekipp awer elo scho villmools Merci soen, fir déi erfollegräich Aarbecht, déi si zënter 2015 geleescht hunn, a freeën eis op déi verbleiwend Zesummenaarbecht bis Mee 2018.

Den 43-järegen Jhemp Almeida war vun 1988 bis 1999 bei der Spora lizenzéiert, dono bei der Alliance 01, um Racing, zu Hueschtert a vum Summer 2013 un beim FC Red Black Egalité, wou hien och elo nach Trainer vun der éischter Ekipp ass. De Patrick Gloden ass en ale Bekannten zu Weiler, war hien jo schonn vu Summer 2012 bis Summer 2014 bei eis lizenzéiert. Den Orlando da Rocha ass aktuell eise Scolaires- an Seniors II/U23-Trainer. Mir wënschen hinnen vill Erfolleg.