Eis Seniors II/U23 hunn eng weider Victoire am 2. Bezierk vun der 3. Klass gefeiert. Am Heemmatch géint Izeg huet sech d'Ekipp vum Trainer Orlando da Rocha mat 4:0 duerchgesat.

De Marco Medeiros (16.'), Sven Rohen (21.'), Daniele Bidoli (56.') an den agewiesselten Claude Komes (66.') hunn d'Goler geschoss. D'Yellow Boys hunn elo 26 Punkten no 12 Matcher.