Wichteg 3 Punkten fir eis éischt Ekipp zu Wuermer. Mat 2:0 gewannen d’Yellow Boys beim FC Koeppchen a kommen domat op 3 Punkten un de Géigner erun.

Direkt nom Ustouss huet de Johan Bellini e Schoss lassgelooss, dee knapp laanscht gaangen ass. No 8 Minutten huet de Kevin Hoffmann de Gol dunn knapp verfeelt. Wuermer hat seng bescht Chance an der 16.’, mee och do ass de Ball laanscht de Gol gaangen.

Pech dunn no 18 Minutten, wéi de Levy Rougeaux an e bëssi méi spéit de Kevin Hoffmann um géigneresche Golkipp hänkebliwwe sinn. No 23 Minutten ass e Fräistouss vum Kevin Hoffmann laanscht all d’Spiller geflunn, mee de Golkipp vum FC Koeppchen war erem présent. An der 39. Minutt hat Wuermer dunn erëm Chance, wéi no engem Corner direkt 2 Mol virun der Linn gerett ginn ass. Et ass mat 0:0 an d’Paus gaangen.

De Levy Rougeaux huet dunn an der 57. Minutt endlech de Ball an de Filet gesat, mee e stoung laut Arbitter am Abseits. An der 67. Minutt ass de Yann Olafsson am Strofraum gefoult ginn. De Sidney Loes huet den Elefmeter eragesat. Deen huet dunn och gezielt -> 1:0 fir Weiler.

An der 79. Minutt ass dunn souguer den 2:0 gefall. De Yann Olafsson huet de Wee an de Gol fonnt, ier Wuermer aan der 87. Minutt dunn nach eng gutt Chance leie gelooss huet. Sou ass et beim verdéngten 2:0 bliwwen.

Opstellung: Cum, Loes, Alves, Reuter, Lima, Mangen (37.’ Olafsson), Bellini, Gleim (85.’ Meylender), Rougeaux, Mota (60.’ Ainahi), Hoffmann