Eis 2 Bambinis-Ekippen waren um Samschdeg zu Jonglënster bei engem Halenturnéier am Asaz.

Déi éischt Ekipp huet 1:0 géint Lëntgen an Izeg gewonnen. Géint d'Fola gouf et e 0:0 a géint d'Lokalekipp hunn sech d'Spiller vum Trainer Idelson Pires missten mat 0:1 geschloe ginn. Am Duell mat Hueschtert ass erëm kee Gol gefall, ier Steesel mat 1:0 geklappt gouf. Um Enn koumen d'Yellow Boys op déi 3. Plaz ënner 12 Ekippen. "Et war e super Turnéier a mir sinn mat 2 Coupen Heem komm, well och ee vun eise Spiller zum beschte Spiller vum Turnéier gekréint gouf", sou den Idelson Pires.

Eis zweet Ekipp huet géint Hesper (0:2), Südeifel (0:2), Syrdall (0:1) a Steesel (0:1) verluer a géint Jonglënster II mat 3:0 gewonnen. Um Enn koumen d'Yellow Kids op déi 10. Plaz. "D'Kanner haten hire Spaass, si hunn hirt Bescht gemaach a si vu Match zu Match besser ginn", sou den Trainer Carlo Dorotea.