Um Halenturnéier zu Izeg sinn eis Bambinis II de Moien déi 7. ënner 8 Ekippen ginn.

Géint Jonglënster hunn d'Yellow Boys en Eelefmeter net genotzt an hunn de Match dunn mat 0:1 verluer. Géint Mamer an Izeg gouf et all Kéier eng 1:3-Defaite. "Eise Gol géint Izeg ass mat engem Volley aus der Distanz geschoss ginn. Super!", sou den Trainer Carlo Dorotea, deen zefridde mat senge Spiller war: "D'Kanner hu super gespillt. Jiddereen war aktiv an huet versicht, Passen ze maachen. Och eis Golkipper hu schéi Parade gewisen. Ech si frou, Trainer bei de Kiddies ze sinn."