Eis Pupilles hu sech zu Zolwer um Turnéier vu Bieles déi 1. Plaz geséchert.

Direkt am éischte Match huet d’Ekipp vum Trainer Mike Hoffmann Bieles mat 1:0 geklappt. Géint Déifferdeng gouf et eng kloer 4:0-Victoire, ier d’Fola mat 3:1 geklappt gouf. An der Finall huet Weiler Nidderkuer dunn mat 2:0 geschloen.

Am Frëndschaftsmatch géint eng Mixte-Ekipp vu Bieles - Éilereng ass net komm - gouf et e 0:0.