Um Turnéier beim FC Olympia Chrëschtnech-Waldbëlleg zu Waldbëlleg sinn eis Minimes op déi 2. Plaz ënner 4 Ekippen komm. Géint Baastenduerf hunn d’Yellow Boys 0:0 gespillt. Géint d’Lokalekipp gouf et eng 2:1-Vicroire, ier d’Ekipp vum
Trainer Pascal Schoen 2:2 géint Miedernach gespillt huet. Miedernach huet den Turnéier gewonnen.

“D’Jongen hunn technesch an och kollektiv gespillt. De leschte Match ass hinnen d’Loft ausgaangen, wat awer ganz normal war, an awer hu se net opginn. Alles an allem war et e flotten Tournoi an d’Jongen hu sech ameséiert”, sou den Trainer Pascal Schoen.