Eis Bambinis sinn um Turnéier vu Bieles zu Zolwer déi 6. ënner 10 Ekippen ginn. “Dës Kéier si mer leider net ënner déi 3 éischt komm. Mir ginn alles op den nächsten Traininger. D’Yellow Kids haten awer e flotte Moien zu Zolwer”, sou den Trainer Idelson Pires.

Géint Monnerech huet Weiler mat 0:1 verluer, géint d’Entente Äischdall gouf et eng 1:0-Victoire, ier et géint Bieles en 1:1 gouf. Géint den F91 hunn d’Yellow Boys mat 0:1 erëm de Kierzeren gezunn.