Fir eis Poussins ass den Indoor-Championnat eriwwer. Am Repêchage ass d’Ekipp vum Trainer Jeff Schmit zu Weiler op déi 4. Plaz ënner 5 Ekippen komm.

Et hat alles gutt ugefaangen: Mat 1:0 huet sech Weiler géint Käl-Téiteng duerchgesat, ier d’Matcher géint Éilereng (0:1), Déifferdeng (0:8) a Suessem (4:5) verluer goufen. Déifferdeng an Éilereng hu sech fir den 2. Tour qualifizéiert.