An der éischter Ronn vum Indoor-Championnat sinn eis Poussins op déi 3. Plaz vu 6 Ekippen komm. Géint Munnerëf huet d'Ekipp vum Trainer Jeff Schmit 1:1 gespillt, géint Titus Péiteng gouf et eng 2:1-Victoire, géint Suessem hunn d'Yellow Boys mat 4:1 gewonnen, ier et géint Rodange eng onglécklech 1:2-Defaite gouf. De leschte Match hunn d'Yellow Kids mat 2:0 géint den CS Uewerkuer gewonnen. Déi 1. Plaz war fir Rodange (15 Punkten) an déi 2. Plaz goung un Munnerëf, dat well déi Munnerëfer bei Punktgläichheet ëm 6 Goler besser waren.

Eise Jugendkoordinator Lucien Pina Cruz huet zu Zolwer och mat senge Weiler Frënn op säi Gebuertsdag ugestouss.