Eis Pupilles stinn am 2. Tour vum Indoor-Championnat. Zu Käl hu sech d’Yellow Boys an der éischter Ronn mat 4:0 géint d’Jeunesse behaapt an 2:0 géint Käl-Téiteng gewonnen. Éilereng, Suessem a Stengefort hunn de Wee op Käl net fonnt.

A Frëndschaftsmatcher huet d’Ekipp vum Trainer Mike Hoffmann d’Jeunesse dunn mat 3:0 geklappt a Käl mat 1:0.