De 9. Dezember ass eise Chrëschtmaart zu Weiler bei der Sportshal. Als besonnesch Aktioun hu mir dëst Joer Solden op verschidden Fanartikel. Mutzen, Kapen, K-wayen, Trainingskostümer, Bidonen, Lanyards asw. wäerten ze fanne sinn.

Vun 10 Auer un kënnt Dir och Chrëschtbeemercher kafen an Iech et dono mat folgende Produiten gutt goen loossen, respektiv fir Chrëschtdag nach deen een oder aneren Kaddo kafen:

- Drëppen vun der Distillerie Muller-Lemmer vu Contern
- Kierf vum Paul Groff
- Chrëschtartikel a Kichelcher vun de Fraen a Mammen
- Saachen aus dem Senegal vu Rokku Mi Rokka fir e gudden Zweck
- Chrëschtdeko vum Lynn Schmit
- Bijioux artisanaux vum Jona Nennig
- Millipap mat Saachen aus Sambia fir e gudden Zweck
- Kuch vun Elteren, déi de Kanner aus dem 4. Schouljoër bei der Skivakanz bäileeën
- Oliventapenade an Divers vun Soroptimist vun Diddeleng
- Gegrilltes
- Gromperekichelcher
- Zopp
- Kniddelen
- Chili con carne
- Raclette à la Bourgnon
- Eisekuchen
- Paangecher
- Christmasbéier
- Glühwäin (mat oder ouni Schuss)

Um 16.30 Auer ass e Chrëschtconcert vun den Hueflach Spatzen vu Stroossen.

Am Kader vum Chrëschtmaart spillen eis Bambinis a Pupilles och en Interclub-Tournoi an all d'Jugendspiller gi vum Kleeschen beschenkt.