Mat enger deziméierter Ekipp hunn sech d’Yellow Boys missten zu Konsdrëf aus der Coupe FLF verabschiden. Mat 0:2 hu si gêint Bäerdrëf-Konsdrëf an der 1/16-Finall verluer.

No 8 Minutten gouf et déi éischt Golchance ze notéieren. Weiler konnt dem Christophe Cum Merci soen, dass et nach 0:0 stoung. 3 Minutte méi spéit huet de Sami Fontes et aus der Distanz probéiert, mee de Ball ass laanscht gaangen.

Nächst Chance no enger hallwer Stonn. No enger Pass vum Kevin Hoffmann huet de Levy Rougeaux de Gol knapp verfeelt. Och en Distanzschoss vum André Mota sollt kuerz dono net am Filet landen. E bëssi méi spéit huet Bäerdrëf-Konsdrëf eng Chance leie gelooss. Déi gréisste Geleeënheet hat de Levy Rougeaux dunn an der 34. Minutt: Säi Versuch ass awer nieft de Gol gaangen. Sou sollt et déi éischt Halschent beim 0:0 bleiwen.

Kuerz nom Säitewiessel hätt Bäerdrëf-Konsdrëf kënne méi aus enger Aktioun maachen, Chance fir Weiler. An der 64. Minutt huet de Louis Lamesch dunn eng gutt Flank erabruecht, mee de Kevin Hoffmann huet de Volley verzunn.

Den 1:0 fir d’Lokalekipp sollt dunn an der 75. Minutt falen: En direkte Fräistouss ass ënnert d’Lat gaangen an hannert d’Linn gesprongen. An der leschter Minutt huet dunn Bäerdrëf-Konsdrëf den Deckel dropgemaach an den 2:0 geschoss. Insgesamt huet sech Weiler net genuch Chancen géint den Club aus der 2. Divisioun erausgespillt.

Opstellung: Cum, Lamesch, Regazzi, Schalbar, Bach, Mota (80.’ Olafsson), Fontes (85.’ Rohen), Pires (70.’ Reuter), Ainahi, Rougeaux, Hoffmann