Dir Dammen an Dir Hären,

vu dass mer eng nei Infrastruktur mat Buvette, Tribüne a Vestiairen nieft de Fussballsterrain gebaut kréien, huet d'Jugendkommissioun sech geduecht, dat wier eng gutt Geleeënheet, fir e Jugendturnéier fir Bambinis, Pupilles, Poussins a Minimes ze organiséieren. Esou kéinten d'Yellow Boys och emol déi Veräiner bei sech invitéieren, bei deenen si jorelaang zu Gaascht waren, huet et geheescht.

Aus dëser Iddi eraus ass de Weili Cup entstanen, deen de 7. an 8. Juli 2018 am Dieltchen iwwer d'Bühn goen wäert. 64 Ekippen wäerten am Ganzen an deenen verschiddenen Kategorien ëm déi grouss Coupen kämpfen.

Hei schonn mol puer interessant Infos:

Sponsoring
Don'en
Umeldungen