Eis Cadets hunn um Sonndeg hire Championnatsmatch mat 4:1 géint Réimech-Bus gewonnen. An der Paus stoung et 1:1. "No 3 honnertprozentege Chancen, déi mir leie gelooss hunn, ass Réimech-Bus duerch e klenge Feeler vun eis a Féierung gaangen. D'Spill hu mir awer gutt kontrolléiert an esou hu mir nach virun der Paus den 1:1 geschoss. No der Halbzeit hu mir schnell de Wee zum 2:1 an 3:1 fonnt. No e puer Wiessel ass e bessi de Spillrhythmus gebrach gewiecht. Zum Schluss konnte mir awer nach mam 4:1 e gudde Schlusspunkt setzen", huet den Trainer Christian Pott gemengt.