Puh, dat war naischt fir schwaach Nerven! Mat 3:1 huet eis éischt Ekipp zu Bäerbuerg gewonnen an dat obwuel se 2 Spiller vum Terrain gesat krut.

Schonn no 3 Minutten hat Bäerbuerg eng Geleegenheet mam Kapp, mee de Christophe Cum am Weiler Gol huet sech net iwwerrasche gelooss. An der 18. Minutt huet Bäerbuerg de Ball dunn am Filet ënnerbruecht. D’Freed bei der Lokalekipp war grouss - emsoss. De Liinierichter hat awer eng Abseitspositioun gesinn. 2 Minutte méi spéit dat nämlecht Szenario déi aner Säit: Dem Louis Lamesch sai Gol huet net gezielt.

An der 24. Minutt war et dunn souwäit: De Rayane Laouira stoung ganz eleng a konnt onbedrängt den 1:0 fir den FC Berdenia, bei deem den Achmed Boussi gefeelt huet,käppen. Dono huet Weiler probéiert méi offensiv ze spillen, mee et sollt naischt dobai erauskommen. An der Nospillzait vun der éischter Halschent huet Berbuerg e Konter lancéiert. De Sidney Loes krut de Ball widdert d’Hand an den Arbitter huet em d’Roud Kaart gewisen, well et dono hätt kënnen zu enger kloerer Golchance kommen.

An der 57. Minutt war et dunn nach 10 géint 10. Den Ibrahim Diop huet e Feeler als leschte Mann gemaach a gouf och vum Arbitter vum Terrain geschéckt. An der 61. Minutt ass de Yellow Boys dunn den Ausgläich gelongen. Mat engem Volley huet den Idelson Pires géint sain Ex-Veräin den 1:1 markéiert. An der 65. Minutt war den Idelson Pires erëm den Ausgangspunkt vun enger gudder Aktioun. Seng Flank ass beim Kevin Hoffmann geland, mee de Joé Reuter am Bäerbuerger Gol huet den 1:1 mat engem gudde Reflex festgehal. Eng Minutt méi spéit ass den Idelson Pires dunn eng e Schrëtt ze spéit komm, huet de Géigespiller getraff an ass mat Giel-Roud vum Terrain geflunn. An der 72. Minutt huet de Poteau dunn fir Weiler gerett. No 75 Minutten ass de Noah Bach verletzt ausgewieselt ginn. Mir wënschen him eng gutt Besserung! An der 77. Minutt ass Weiler dunn a Féierung gaangen. No engem Corner vum Kevin Hoffmann huet den Joyce Regazzi de Kapp dohi gehal -> 2:1. D’Entscheedung ass dunn an der 88. Minutt gefall. De Kevin Hoffmann huet de Golkipp Joé Reuter al aussinn gelooss an den 3:1 markéiert. De 4:1 wier bal an der Nospillzait gefall, mee de Max Mangen huet just de Poteau getraff.

3 wichteg Punkten fir d’Ekipp vum Trainer Claude Mangen, déi e Sonndeg ab 16 Auer Red Black Egalité am Dieltchen empfänkt.

Opstellung: Cum, Loes, Regazzi, Reuter, Pires, Mangen, Bellini, Bach (75.’ Olafsson), Lamesch (90.+2.’ Fontes), Ainahi (62.’ Hoffmann), Rougeaux