- Eis Poussins I hunn am Dieltchen mat 3:8 géint Bartreng verluer. An der Paus louchen d’Yellow Boys mat 1:4 zréck. “Et gëtt nach vill ze schaffen. D’Jongen hunn net ëmmer hir Positiounen besat. Wa mir Goler geschoss kréien, loosse mer ëmmer schnell de Kapp hänken. Phaseweis hu sech d’Jongen awer gutt druginn”, huet den Trainer Jeff Schmit gemengt. De Ball gouf gestëft vum Claude Steffes.

- Eis Poussins II hu fir hiren Deel 3:3 bei Hueschtert II gespillt. An der Paus louch d’Ekipp vum Trainer Enès Skrijelj mat 0:2 hannen. An der leschter Minutt ass Weiler den 3:3 gegléckt. “Déi éischt Halschent si mer net gutt an de Match komm. Hueschtert huet seng Chancen genotzt a mir goufen bestroft. Déi zweet Halschent hätt net kënne besser lafen. Mir hu gutt zesumme gespillt a gekämpft. All Respekt fir d’Jongen”, sou den Trainer Enès Skrijelj.