- E klenge Problem gouf et um Samschdegmoien. Den Trainer vun de Bambinis I huet gemengt den Turnéier zu Sandweiler géif méi spéit ugoen, wéi geplangt. Sandweiler huet dofir de Match géint d'Yellow Kids forfait gewonnen, ier dem Idelson Pires seng Ekipp géint d'Entente Atertdaul gläichgespillt huet. "Ech entschëllege mech bei menge Spiller an den Elteren, dass mir net mat Zäit do waren. Et kënnt net méi vir", sou den Idelson Pires.

- Eis Bambinis II goufen beim Championnatsturnéier um Verluerekascht déi 2. vun 3 Ekippen. Géint den RFCUL II koum Weiler zu engem 0:0, ier géint den F91 II e Selbstgol zur 0:1-Defaite gefouert huet. "De Match géint den F91 war méi wéi ausgeglach. Et war eng super Leeschtung vu menger Ekipp. Och nom Selbstgol hunn d'Kanner de Kapp net hänke gelooss. Géint den RFCUL ware mir déi besser Ekipp. Mee wann een Turnéier ouni Dräiecker virum Gol gespillt gëtt, ass et schwéier e Gol ze schéissen. Dobäi kënnt, dass mir dee Match en Strofstouss net erakruten", sou den Trainer Carlo Dorotea.