No 3 Defaiten hannerteneen (Coupe inclus) wëll eis éischt Ekipp e Sonndeg de Schalter erëm ëmleeën an an d'Erfollegsspuer zréckfannen. Ab 16 Auer wäert zu Bäerbuerg em 3 Punkten gekämpft ginn.

Den FC Berdenia huet 7 Punkten no 5 Spilldeeg um Kont an domat 2 méi wéi d'Yellow Boys. Mam Rayane Laouira huet Bäerbuerg en treffsécheren Ugrëffsspiller a senge Reihen. Profitéiert huet hien an der Lescht och vun de Virlagen vum Achmed Boussi, deem wuel beschte Spiller bei deenen Orangen. E besonnescht Duell gëtt et tëscht de Reuter-Bridder. Den Andy spillt bei eis an der Inneverteidegung an de Joé steet bei Bäerbuerg am Gol.

Kommt all um Walsonndeg op Bäerbuerg an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp! HEI ASS WEILER!