Um Sonndeg spillt eis éischt Ekipp ab 16 Auer am Dieltchen géint Wuermer. No der éischter Defaite fir dës Saison am Championnat zu Schëffleng gëllt et elo fir d'Ekipp vum Trainer Claude Mangen, eng Reaktioun ze weisen.

Wuermer huet wéi d'Yellow Boys och 5 Punkten um Kont. Allerdéngs huet den FC Koeppchen 1 Match manner gespillt. An der Ekipp vum Trainer Adis Omerovic stinn mam Chris Herbrink a Fabiano Merkes och zwee Spiller, déi fréier de Weiler Trikot unhaten. Opzepassen gëllt et virun allem op de Stiermer Michal Mroch, deen seng Qualitéiten als Goalgetter schonn oft ënner Beweis gestallt huet.

Och um Pappendag gëtt et keng Excuse fir eis Jongen net ënnerstëtzen ze kommen. HEI ASS WEILER!