Um Freidegowend huet eis éischt Ekipp d'Qualifikatiounsmatcher, déi jeeweils 45 Minutte gedauert hunn, bei der Coupe Renert zu Bäerbuerg gespillt. Eng duerch Verletzungen a Vakanzen staark deziméiert Yellow-Boys-Ekipp louch géint Éinen mat 2:0 vir (de Mirza Ramcilovic hat de Levy Rougeaux ugekäppt an de Rougeaux hat e Fräistouss direkt an de Filet gesat), ier déi Miseler bei 2:2 konnten ausgläichen a souguer d'Chancen haten de Match ze gewannen.

Am zweete Match géint den FC Berdenia Bäerbuerg sinn d'Haushären schnell mat 1:0 a Féierung gaangen. Op emol stoung et souguer 3:0, bis de Max Mangen mat engem direkte Fräistouss konnt op 1:3 verkierzen - dat war dann och d'Schlussresultat.

Och Éinen huet mat 1:3 géint Bäerbuerg verluer an esou huet eng Mënz entscheed, ween Gruppenzweeten respektiv -drëtten ginn ass. D'Ekipp vum Trainer Claude Mangen hat och hei kee Gléck a spillt elo e Sonndeg ab 14.30 Auer géint Bäerdrëf-Consdrëf ëm déi 5. Plaz.