De Frank Bourgnon kennt de Fussball: Hien ass Spiller, Trainer an Arbitter. Fréier huet hien fir d'Yellow Boys gekickt, haut spillt en an der Härenekipp vum FC Syra Menster, bei deem hien och Pupilles-Trainer ass. Donieft ass deen 43-Järegen deene meeschten wuel als Toparbitter a Leefer bekannt.

Du bass am Summer 2003 vu Mamer op Weiler gewiesselt. Wat war deemools de Grond fir däi Wiessel?

Ech hat dee Moment als Spiller zu Mamer opgehalen a war just nach Arbitter. Vu dass ech zu Réiser gewunnt hun huet de Claude Mitsch mech ugeschwat, ob ech net wëilt zu Weiler eng Juniorsekipp ob d’Been setzen an se trainéieren, wat ech dunn och während praktesch 3 Saisonen gemaach hun. Mir ware souguer 1 Joer an der éischter Klass an an der Véierelsfinall vun der Coupe du Prince, wou mer am 11m-Schéisse verluer hunn.
An der Saison 2005-2006 war ech dunn parallel Trainer vun de Junioren a Spiller bei der éischter Ekipp.

Wat ass déi flottsten Anekdot, déi's du bei de Yellow Boys erlieft hues?

Immens flott war déi Zäit bei de Junioren, wou mer e flotte Grupp haaten, mat enner annerem deenen dräi Frantzen-Bridder, oder deenen zwee Campbell-Bridder, dem Collings Guy, Nober Gilles, Feidt Joe, Bernard Ralph, Meyer Sam, Diz Lionel an nach villen aneren, déi ech elo net all ernimmen.
A menger Saison als Spiller war et virun allem déi gutt Ambiance an der Ekipp mam Trainer Joël Groff an och am Veräin als Ganzem mam Kultpresident Ady Groff, dee mech mei ewéi eng Kéier mam Fouss an den Hënner gerannt huet. Vun der deemoleger Ekipp droen och haut nach vill Leit derzou bäi, dass de Weiler Futtball gutt fonctionnéiert.
D'Kiischt um Kuch war dass ech eng ganz Saison zesumme mat mengem Brudder Ralph a mat mengem Frënd dem Pol alias „Fussballgott“ Kohnen konnt eng Saison kicken. Béid ware sie och vu Mamer op Weiler komm. Memorabel war de Coupematch zu Käerjeng, dee mer zwar 2-3 verluer haten, mee wou mer eng gutt Leeschtung bruecht haten a mir dräi zesummen um Stéck stoungen. Béis Zonge behaapten, mäi Brudder Ralph hätt no 65 Minutten vum Stéck misste geschéckt ginn, wéinst enger 2. Gieler Kaart, mee den Arbitter hätt sech geiert a mir se ginn.

Bis haut hues du deng Lizenz zu Weiler. Firwat bleifs du dem Veräin trei?

Ech sinn zu Weiler direkt gutt opgeholl ginn an hunn mech do ëmmer ewéi doheem gefillt. De Club huet mech esou akzeptéiert ewéi ech war an ech hat ëmmer eng gutt Zäit do. Dat well ech net vergiessen, och wann ech e staarke Lien mat mengem anere Veräin, dem FC Syra Menster, hunn.

Mat de Pupilles vu Menster hues du d'lescht Saison de Futsal gewonnen. Wat huet dësen Erfolleg fir dech bedeit?

Et soll jo am Jugendfussball net em Resultater goen, mee eis Victoire am Futsal war eppes Eenzegaarteges. Ech hu bewosst zwee méi grouss Spiller ewechgelooss, déi nëmmen nach wollten Poussins spillen a mat deenen anere Jongen gespillt déi mat hirem risegen Kämpferherz iwwert sech erausgewuess sinn. Ech hat nach nie esou eng Ekipp a wäert wahrscheinlech och nie méi esou eng Ekipp kréien.

Als Jugendtrainer huet een et net ëmmer einfach. Wat bereet dir esou vill Spaass un dësem Job?

Et gëtt elo déi drëtt Saison an der ech zu Menster Pupilles Trainer sinn; och wann et net ëmmer einfach ass alles ënner Kontroll ze behalen ass déi Freed, mat där d’Kanner bei der Saach sinn, einfach ëmwerfend. En plus konnt ech während 2 Saisonen mengem Bouf säin Trainer sinn an elo ginn ech mengem Meedchen säin Trainer, wat net ëmmer einfach ass, mee trotzdeem flott.

Hues du wëlles och emol am Seniorsberäich als Trainer aktiv ze ginn?

Nee.

Als Arbitter bass du ganz erfollegräich ënnerwee. Viru kuerzem waars de als 4. Offiziellen beim Qualifikatiounsmatch fir an d'Europa League zwëschen Bala Town a Vaduz am Asaz. Wéi war dëst Erliefnis?

Et ass ëmmer flott bei internationale Matcher dobäi ze sinn, well den Futtball a säin Emfeld vu Land zu Land anescht ass a well een ëmmer erëm interessant Leit kenneléiert.

Wat sinn deng Ziler als Arbitter?

Ech hunn keng groussaarteg Ziler mei; fir internationalen Arbitter ze ginn ass et leider net duergaangen a soss hunn ech zimlech alles erreecht, wat ee kann erreechen. Ech well einfach Spaass bei der Saach hunn, ass dat net méi de Fall. dann halen ech ob.

Wéi koums de iwwerhaapt op d'Iddi, Arbitter ze ginn?

Mäi Papp war selwer Arbitter an nodeems ech an de Cadets en Arbitter vernannt hat an eng Rout Kaart krut, huet hie mech an den Arbitter-Cours geschleeft. Dat sinn elo 28 Joer hier, ech hoffen 30 Joer voll ze kréien.

Als Arbitter muss du der vill Remarquen a Frechheeten während engem Match unhéieren. Wéi schwéier fält et engem am Ufank, net dorop ze reagéieren?

Kritik um Arbitter ass ok wann se net perséinlech gëtt; net ze reagéieren ass eng Form vu Selbstbeherrschung, woubäi ech awer muss soen, dass ech et net ëmmer fäerdeg brengen, net ze reagéieren. Méi Suergen mécht mer, dass an de Jugendkategorien eng ëmmer méi grouss Aggressivitéit vun Elteren an aneren Zuschauer géint den Arbitter an de Géigner opkomm ass.

Am Ausland ginn ëmmer méi Saachen agefouert, fir et dem Arbitter bei deem schnelle Fussball, dee mëttlerweil gespillt gëtt, ze hëllefen. Wat géifs du der dovun hei zu Lëtzebuerg wënschen?

Näischt. Mir hun elo an der BGL Ligue Headset mat deene mir iwwert Funk kënne kommunizéieren, dat ass eng grouss Hëllef. Bei wichtege Matcher hu mer e 4. Offiziellen.

Du bass e ganz gudde Leefer. Wou stinn deng aktuell Beschtzäiten a wat sinn deng Ziler fir d'Zukunft?

34'22'' op 10 km
1.17'30'' um Semi
2.46'50'' um Marathon

Ech mengen net dass ech déi Zäiten nach wäert verbesseren; mee ech hun ëmmer nach d'Zil fir bei all Course mäi Frënd a fréieren Yellow-Boys-Spiller Luc Mathias ze wichsen. Lescht Joer um Berlin Marathon huet hie mech bei km 41 iwwerholl a stoe gelooss. Dat dierf net méi virkommen.

D'Fotoen si vum Fabrizio Munisso.