An enger klenger Serie wëlle mir nach emol op déi flott Festivitéiten zréckkucken, déi am Kader vun eisem Cinquantenaire an de Joeren 2004 an 2005 stattfonnt hunn.

Am éischten Deel weise mer Iech Fotoen vum 17. Dezember 2004. Op der Séance académique an Huef hunn den FLF-President Paul Philipp, de Vertrieder vum Sportsministère Hubert Eschette, de Buergermeeschter Edmond Schlentz, de President vun de Yellow Boys Ady Groff, de President vum Organisatiounscomité vum Cinquantenaire Tom Majeres an de Grënnungsmember vum Club Albert Feyder de ville Gäscht en Abléck an d'Geschicht vun de Yellow Boys ginn an d'Wichtegkeet vun dësem Veräin fir d'Duerfliewen ervirgestrach.

« 1 of 5 »